Panier : 0 article(s) | |
Montant : 0,00 € |
TOTAL |
0,00 € |
KAPPKINO – WOU GINN ELTEREN NUETS HIN - Vinyl + Download
Text: Claudine Muno
Erzielung: Betsy Dentzer
Musek & Kompositiounen: Nataša Grujovic (Akkordeon), Michel Feinen (Perkussioun)
Regie: Daniel Tanson
Produktioun, Graphik & Illustratioun: Tanja Frank
Toun: Philippe Mergen
Photo: Emile Hengen
„Ech gesi wéi meng Mamm d’viischt Dier opmécht, obwuel kee geschellt huet.
Si geet fir d’éischt eraus an da kënnt mäi Papp hir no, éier si d’Dier hannert sech zouzéien. An dann – dat Geräisch ass dat Schlëmmst iwwerhaapt – héieren ech wéi sech de Schlëssel vu baussen am Schlass dréint.“
An dësem Lauschterstéck huele mer iech mat duerch déi eng Nuecht wou d‘Elteren fort ginn. Kommt mat op eng skurril fantastesch Rees duerch e gelunge kënnegen Universum mat frieme Bekannten an onbekannte Frënn.
Opgeholl am Auditoire vum CCRD opderschmelz.
Eng Co-Produktioun vun openscreeen asbl an dem CNA, 2018.
Duebel-Vinyl mat Downloadcode.
Hörspiel-Download auch erhältlich in deutscher Fassung!
fir Nolauschterer ab 13 Joer / ab 13 Jahre